Zürich, wou ass dann dat?
F24

Zürich läit am Schwäizer Mittelland (do wou et nach relativ platt ass) um nördlechen Enn vum Zürichsee, deem sechst-gréisste Séi an der Schwäiz. Den Zentrum vun der Stad läit um Séi an u béide Säite vun der Limmat, dem Floss, deen aus dem Séi erausfléisst. Deen héchste Punkt läit um Uetliberg mat 871 Meter; esou platt ass d’Mittelland also awer net. Wann ee Chance huet, kann een esouguer d’Alpe gesinn, eng Vue, déi een net onbedéngt derzou opfuerdert an d’Virliesung sëtzen ze goen… Mat ronn 400,000 Awunner ass Zürich déi gréisste Stad an der Schwäiz; de KantonZürich ass mat bal 1,4 Milliounen Awunner och deen am meeschte bewunnte Kanton.

 

Fréier sinn et och scho Schwäizer ginn...

Déi éischt Siedlungen an der Regioun sinn ëm 4300 v.Chr. entstanen. 15 v.Chr. gouf d’Mittelland vun de Réimer besat. Do, wou haut de Lindenhof ass, gouf eng Befestegung gebaut, ee klengen Hafen an natierlech ee gehëtztent Bad ugeluecht. Dat Ganzt hunn si Turicum genannt. No de Réimer koumen d’Alemannen, bis ëm 1519 den Huldrych Zwingli d’Reformatioun zu Zürich aféiert. Wéi iwwerall an Europa, ass et ëm 1800 och an der Schwäiz zu enger Revolutioun mat der Aféierung vun enger éischter Helvetescher Republik komm. Wéi dës kuerz dono zesummegefall ass, huet den Napoleon der Schwäiz eng Verfassung diktéiert. Mëtt 19. Joerhonnert gouf dës Verfassung a groussen Deeler revidéiert, an ënnert anerem de Referendum, ee wichtegen Deel vun der Schwäizer Demokratie agefouert. Ufank 20. Jorhonnert, ass Zürich massiv gewuess, a fänkt un vun der Industrialiséirung ze profitéieren, et gi 15 Gemengen aus der Regioun mat an d’Gemeng Zürich abezunn. Nom Krich hält de Winston Churchill ausgerechent zu Zürich eng bekannte Ried iwwert d’Noutwennegkeet vun engem vereenten Europa.

Little Big City

 

SONY DSCZürich brauch sech fir seng relativ bescheide Gréisst awer net hannert den aneren europäesche Metropolen ze verstoppen. Am kulturelle Liewen ass ëmmer eng lass an och fir Touriste lount sech e klengen Ausfluch. Kulturell Highlights sinn ënnert anerem: d’Niederdorf, d’Bahnhofstrasse, de Lindenhof, de Limmatquai, d’Opernhaus an déi sëllech Kierchen, fir der nëmmen e puer ze nennen. Zürich ass eng aussergewéinlech schéin a propper Stad, déi sech ronderëm d’Alstad an den Däller vun der Limmat an der Sihl opgebaut huet. [www.zuerich.com]

Et ginn och eng Hällewull Méiglechkeete sech um kulturelle Plang ze betätegen. Dat geet vu Concerten, Festivaller, Musicalen, iwwert Operen, Ausstellungen [www.kunsthaus.ch], an Theateropféierungen bis hin zu Stroossefester a Festivaller an der ganzer Stad. [www.ticketcorner.ch] [www.opernhaus.ch] [www.schauspielhaus.ch].

Sportlech brauch Zürich sech och net mat senge Profiséquippen am Fussball an Äishockey ze verstoppen. Op alle Fall lount et sech ee mol de Wee an de Stadion ze fannen. [www.gcz.ch] [www.fcz.ch] [www.zsclions.ch]

Money makes the world go round...

yago1.comZürich ass de Wirtschaftszentrum vun der Schwaiz, besonnesch markant ass den extrem grousse Finanzsektor. Wéi Lëtzebuerg, baséiert d’Zürcher Wirtschaft op Déngschtleeschtung, dorënner falen net nëmmen d’Banken a Versécherungen, mee och d’Berodung vun Entreprisen an d’Immobilieverwaltung. Donieft huet awer och eng Rei international Industrie hire Sëtz oder eng Filial zu Zürich. [www.awa.zh.ch] [www.swx.ch] [www.greaterzuricharea.ch]

 

 

ETH an Uni

Zu Zürich gëtt et souwuel eng Uni wéi och eng Technesch Héichschoul (ETH). D’ETH Zürich, déi 1855 gegrënnt gouf, ass weltwäit gutt ugesinn, an dat virun allem duerch d’Fuerschung déi hei bedriwwe gëtt. Am Ganze ginn et 16 Departementer, déi an der Fuerschung an de Beräicher vu Verkéiersplanung bis Kriibsfuerschung täteg sinn. Un der ETH schaffen ronn 500 Professeren an iwwer 10’000 zousätzlech Ugestallter fir méi wei 18’000 Studenten an Doktoranden (dovun 36% Auslänner an eng Honnert Lëtzebuerger) ze beschäftegen. De Kurt Wüthrich ass dee leschten ETH-Professer deen een Nobelpräis (2002, Chimie) kritt huet, a ka sech domat zu Berühmtheete wéi Einstein, Röntgen, Pauli an 21 aner Forscher zielen. [www.ethz.ch]

D’Universität Zürich ass déi gréisst Schwäizer Héichschoul an ass ebenfalls e wichtege Standuert fir d’Fuerschung. Mat méi wéi 26’000 Studenten, op 7 Fakultéiten, ass se e gutt Stéck méi grouss wei d’ETH, huet awer nëmmen knapp 7’800 Mataarbechter, dovunner 562 Professeren. A Saache Fuerschung muss d’Uni sech awer net hannert der ETH verstoppen, si zielt zu deenen beschten an Europa am Beräich Klinesch Medezin, an ass a 5 Beräicher zu där beschter Schwäizer Uni ernannt ginn. Sou kënnt zum Beispill den Nobelpräisträger fir Medezin vun 1996, den Rolf M. Zinkernagel vun der Uni. An der Fuerschung schaffen d’Uni an d’ETH enk zesummen. Obschonns d’Uni vill méi Studenten huet, sinn di meeschte Lëtzebuerger ob der ETH. [www.uzh.ch]

Schwäizer schaffen net ëmmer!!!

 

eGuide Travel(4)

Déi 2 wichtegst Fester an der Stad, baséieren op laangjäregen Traditiounen a sinn d’Sechseläuten (sprich: “Sächsilüüte”) an d’Knabenschiessen. D‘Sächsilüüte ass eng Kavalkad vun den Zünften duerch d’Stad. Membere vun dësen Zünften (si entsprieche méi oder wéineger dem lokalen Who’s Who vum Regierungsmember bis hin zum “einfache” Räichen), spadséieren an traditionellen Truechten hannert enger Musekskapell duerch d’Stad. An dann nomëttes um 6 Auer, gëtt de Böög verbrannt. De Böög ass ee stréiene Männchen, deen op engem risegen Holzkoup steet. Wat säi Kapp méi séier explodéiert, wat de Summer méi schéi gëtt. Et ass also souzesoen eng Zürcher Variant vum Buergbrennen. [www.sechselaeuten.ch]

Beim Knabenschiessen geet et virun allem ëm ee Schéissconcours fir Jugendlecher tëschent 12 a 16 Joer. Am interessantesten ass dann awer den Nieweprogramm, nämlech déi gréisste Chilbi (Kiermes) vun der Schwäiz. [www.knabenschiessen.ch]

All dräi Joer, d’nächste Kéier 2016 ass dat gréisste Fest an der Schwäiz: d’Zürifäscht. Während dräi Deeg steet d’Stad esou zimlech op der Kopp, wa ronn 2 Millioune Besicher sech ob Grillfester, Partyen a Concerten amuséieren. [www.zuerifaescht.ch]

D’Street Parade, déi et scho säit Ufank vun den 90er gëtt, huet d’Loveparade vu Berlin als gréissten Technoparty ofgeléist. All Joer am August rave bal eng Millioun Technofreaken am Zentrum vun der Stad. Trotz Examenszäit ass et bal ee Muss fir do dobäi ze sinn. [www.streetparade.ch]

Aner wichteg Datumer zu Zürich

Weltklasse Zürich, ee grousse Liichtathletiksmeeting aus der Diamond League. [www.weltklasse.ch]

Expovina, eng grouss Wäinausstellung op Schëffer um Zürisee. Dat huet de Virdeel, datt een als Excuse fir all fälleg Koordinatiounsproblemer ka behaapten et wier ee just e bëssi séikrank…
[www.expovina.ch]

Monday Night Skate, wou sech all zweete Méinden am Summer d’Skatere vun Zürich treffen (bis zu 5000 Leit) fir e klengen Tour duerch d’Stad ze maachen. [www.nightskate.ch]

Freestyle, hei trefft sech d’Weltklass vun de Snowboarder a Skifuerer déi spektakulär Tricker maachen. Dat ganzt ass am September beim Séi mat kënschtlechem Schnéi. [www.freestyle.ch]

Wat een ausserdeem nach maache kann...

 

Jiddwereen, deen sech Zürich eraussicht fir do ze studéieren, huet wierklech keng Schwieregkeeten seng Fräizäit ze verbréngen, an dat net well d’Schoul een esou staark beschäftegt, datt ee guer keng Fräizäit méi hätt. Esou kann een am Wanter relativ liicht a schnell an d’Skigebitter kommen an sech e bëssi sportlech betätegen, am Summer dann huet een de Séi direkt viru senger Dir. Vun der Uni an der ETH aus ginn iwwer 80 Sportarten vu Fussball iwwer Golf, Paragliding, Danzen, Snowboard, Inlineskating, bis hin zu Yoga, Sauna an Entspannungstraining ugebueden.

No (oder während) de Virliesungen kann ee mat Kollegen duerch d’Niederdorf spadséieren a ganz interessant Plazen entdecken. Hei fënnt een esou zimlech alles: Kleederbutteker mat dem “dernier cri” aus aktuellster Moud, awer och der mat “normalem” Sortiment, Bistroen, Pub’en a Restauranten, Kinoen, Jazzkelleren, … Ween sech et natierlech leeschte kann, kann och emol an d’Bahnhofstrasse akafe goen, oder op mannst sou maache wéi wann. An owes ass eng Hällewull Leit an der Stad. Déi kleng Gässelcher a Bistroten sinn net siele strubbelvoll, an an de Puben ginn och emol d’Dëscher aus dem Wee geraumt fir eng Danzpist z’improviséiere well d’Musek einfach ze gutt ass fir roueg stoen ze bleiwen. An och a punkto Disco an Cluben kann Zürich mat deenen gréisste mathalen, well hei ass vun Elektro iwwer Techno bis zum Rock fir jiddereen eppes dobäi. Partye ginn et der all Dag genuch et muss een sech just kënnen decidéieren. Ween sech also owes zu Zürich langweilt, deen ass selwer schold, oder huet seng Sue schon de Weekend virdrun ausginn. [www.zuerich.usgang.ch] [www.tilllate.ch][www.students.ch]

SONY DSC