Logement

Wann een d’Zuel vun de Studente kuckt, ginn et zu Zürich net besonnesch vill Studentenheimer, dofir wunnen déi meescht och privat. Wann s de op der Sich no enger Bud bass, da gëff drop Uecht, datt deemno wéi ee Studiegang dass de wiels, deng Virliesungen entweder am Zentrum oder um Hönggerberg sinn. De Loyer vun enger Eenzelwunneng ass tëschent 800 an 1300 Schwäizer Frang, jee no Lag a Confort; wat d’Kummer méi no beim Zentrum ass, wat se och méi deier ass. Et ass allerdéngs och méiglech eng Wunneng ënnert 800 Frang ze fannen. Zürich huet formidabel Bus- an Tramverbindungen (awer nëmme bis ca. 0:15 Auer), dofir kann et sech och lounen eng Kummer ze huelen déi net direkt bei der Schoul ass. Ier s de eng Kummer definitiv hëlls, pass op d’Niewekäschten (Stroum, Waasser, Heizung) an op d’Kënnegungsfrist op. Fänk am beschten schon Ufank Juni mat der Sich un.

Op folgende Platze kanns de dech informéiere, wou
nach Kummeren ze kréie sinn:

Sait 16 ennenZimmer- und Wohnungsvermittlung ETH/Uni
Sonneggstrasse 27
CH-8006 Zürich
Tel.: +41 (0)44 632 2037
Fax: +41 (0)44 261 8413
E-Mail: zimmervermittlung@rektorat.ethz.ch
[www.wohnen.ethz.ch]

Et brauch een normalerweis een ETH/Uni-Login fir de Service ze notzen. Wann s de nach keen hues, kanns de probéieren unzeruffen oder eng Mail ze schreiwen an deng Situatioun ze erklären.

WOKO – Studentische Wohngenossenschaft
Leonhardstrasse 15
CH-8001 Zürich
Tel.: +41 (0)44 632 42 90
Fax: +41 (0)44 632 1106
E-Mail: woko@woko.ch
[www.woko.ch]

Der WOKO gehéieren eng ganz Rei bëlleg Studentenheemer, mee si hu laang Waardelëschten. (ongeféier 2-8 Méint) Et ass awer ganz interessant sech hei fréi unzemellen. Mat enger propperer a gudder Bewerbung stinn d’Chancen nämlech ganz gutt. Vill vun de WG Zëmmere ginn och direkt iwwer d’Mieter bei aneren Internetsäiten ausgeschriwwen. [www.wgzimmer.ch]

Falls du soss nach Froe bei der Wunnengssich solls hunn, kanns du dech gären un eise Comité [comite@ lsz.lu] wenden. Wann eis nach Wunnengen sollten bekannt sinn, déi grad fräi gi sinn, gi mir dir déi Adresse gäre weider.

Zeitungen

Internet

“An der Zimmer- und Wohnungsvermittlungsstelle vun der ETH kriss de eng kleng Brochure “Wohnbulletin”, déi dir och weiderhëllefe kann.

 

Openthaltsbewëllegung an Umeldung zu Zürech

Fir an der Schwäiz ze wunne brauchs de eng Openthaltsbewëllegung. Wann s de an deng Wunneng eraplënners, da muss de dech an deem fir däi Krees zoustännege Kreesbüro umellen (fro deen, deen der d’Wunneng verlount huet, wou deen as).

Do muss du och eng Demande fir eng Openthaltsbewëllegung maachen. Dofir brauchs de:

  • en Auswäis, deen nach op mannst 1 Joer gülteg ass
  • 1 rezent Foto
  • Studiumsbestätegung (Legitimationskarte)
  • eng Bescheinegung vun dengen Elteren, datt si fir däi Studium opkommen

Dobäi kann et sech z.B. och ëm eng Bescheinegung vun der Bank handelen, déi bestätegt, datt deng Elteren iwwer déi néideg finanziell Moyenen verfügen fir der de Studium an der Schwäiz ze bezuelen.

D’Openthaltsbewëllegung gëllt nëmme fir 1 Joer (gëtt all Joer erneiert) a kascht 65 Schwäizer Frang. Ausgestallt gëtt dëss Bewëllegung vum:

Migrationsamt des Kantons Zürich
CH-8090 Zürich
Tel.: 043 / 259 8800
Fax.: 043 / 259 8810
E-Mail: info@ma.zh.ch

Déi néideg Démarchen iwwerhëllt awer wéi gesoot d’Kreesamt wann een sech bis do ugemellt huet. [http://www.ma.zh.ch/internet/sicherheitsdirektion/migrationsamt/de/einreise_aufenthalt.html]
Wat kascht wéivill?

Semestergeld

ETH: CHF 580.- pro Semester (Dobäi kommen nach ongeféier CHF 64.- Niewekäschten, zum Beispill den obligatoresche Bäitrag fir de VSETH, ASVZ, …).

UZH: CHF 790.- pro Semester. [http://www.uzh.ch/studies/application/generalinformation/fees.html]

Wann s de dech zu Lëtzebuerg fir d’Aide Financière umells, da kriss de ongeféier d’Halschent vum Semestergeld rembourséiert. [www.cedies.lu]

F12Loyer

CHF 800-1300.- pro Mount, ofhängeg vu Lag a Confort. Däi Loyer hänkt staark dovun of, waats du fir Erwaardungen un deng Wunneng hues. An enger WG ass et kee Problem eppes fir CHF 600-800.- ze fannen.

Bicher a Material

ca. CHF 300.- pro Semester (hänkt vum Studiegang of).

D’Architekturstudente brauche relativ vill Material an all déi, déi am Labo schaffen, mussen nach mat zousätzleche Käschte vun ca. CHF 200 – 400.- pro Semester rechnen (Studiegäng Biologie a Chimie).

Liewenskäschten

ca. CHF 700.- pro Mount (staark variabel; hänkt vum perséinleche Liewensstil of ).

Tram

Demno wéi laang, dass de während dem Joer zu Zürich wunns (iwwer 9 Méint) lount et sech ee Joresabonnement fir CHF 531.- ze huelen. [www.vbz.ch] [www.zvv.ch]

Telefon

Däin Uschloss muss du dir vun der Swisscom fraischalte loossen. Deen Telefon Provider, mat deem een telefonéiere wëll, kann een sech fräi erauswielen. Do bezilt een dann nëmmen nach d’Gespréichskäschten, déi ufalen. [www.swisscom-fixnet.ch]  [www.sunrise.ch]

Den Telefonsuschloss kann een awer och bei der Cablecom (Telefon iwwer d’Antenne vun der Televisioun) huelen. [www.cablecom.ch/digitalphone]

Op alle Fall lount et sech hei awer, déi verschidden aktuell Offere mateneen ze vergläichen. Fir an d’Ausland ze telefonéieren ass et oft besonnesch gënschteg wann een eng Zougangsnummer virun där normaler Rufnummer wielt. [www.helvatel.ch]

Di meescht Studenten zu Zürich hunn awer kee Festnetz-Telefon, meeschtens ass ee souwisou net doheem, an d’Handy-Tariffer fir In- an Ausland sinn ähnlech wéi déi vum Festnetz.

Internet

Et gi verschidde Méiglechkeeten Accès un den Internet ze kréien. Déi éischt ass iwwer Modem oder ADSL bei den entspriechenden Telefon Provideren. [www.bluewin.ch] [www.tele2.ch] [www.sunrise.ch]

Et gëtt och e grousst Glasfasernetz zu Zürich, wou der all Informatiounen op hirer Websäit fannt. [http://www.meinzuerinet.ch//.html]

Eng aner Méiglechkeet ass iwwert d’Antenne vun der Televisioun. Heifir kritt een een extra Modem vun der Cablecom zur Verfügung gestallt. [www.cablecom.ch]

Handy

Du hues ee groussen Choix u Provideren, mat Offeren déi staark änneren, jee nodem obs de vill am Ausland oder an der Schwäiz telefonéiers. [www.swisscom.ch] [www.tele2.ch] [www.sunrise.ch] [www.salt.ch] [www.m-budget-mobile.ch] [www.yallo.ch]

Poubelle

Fir däi Knascht zu Zürich z’entsuerge brauchs de speziell Poubellssäck, sougenannten “Züri-Säcke”. Dës kriss de an all Liewensmëttelbuttek (Coop, Migros, Spar, etc.). [www.erz.ch]

Velosvignette

Eng Velosvignette ass an der Schwäiz zwar net méi obligatoresch, mee bidd der awer eng Versécherung am Fall vun engem Accident. Et kann een se online bestellen oder am Coop, an der Migros oder an der Post kafen. [www.velovignette.ch]

Telvisioun a Radio

Wéi an Däitschland muss een sech an der Schwäiz melle, wann een e Radio oder eng Télé huet, fir Rundfunkgebühren ze bezuelen. Allerdéngs rode mir dir ze waarden bis d’BILLAG (deene misst de dës Sue ginn) sech bei dir mellt, da kanns de e bësse vun dengem wéinege Geld e puer Méint spueren. D’Präisser sinn CHF 169.15 pro Joer fir Radio an CHF 293.25 pro Joer fir eng Télé, oder CHF 42.30 fir 3 Méint fir Radio a CHF 73.30 fir 3 Meint fir eng Télé. Wann een déi Optioun vun enger Rechnung all 3 Méint wielt, muss een nach zousätzlech CHF 2.- pro Rechnung bezuelen. Säit neistem ass all Apparat deen Fernseh- oder Radiosprogrammer empfänken kann gebührenpflichteg. Dozou gehéieren also och z.B. den Computer oder den Handy. [www.billag.ch]

Wou kommen d’Suen hir, wou ginn se hin?

Soubal s de eng Wunneng an eng Openthaltsbewëllegung hues, kanns de e Kont bei enger Bank oder bei der Post opmaachen. Verschidde Banken hu speziell Studentekonten, wous de keng “frais de compte” bezuele muss an zum Deel och eng gratis VISA/MasterCard kriss. [www.postfinance.ch] [www.ubs.ch] [www.credit-suisse.ch] [www.zkb.ch]

Bei der ETH kanns de scho vum 3. Semester (ofhängeg vun dem Departement) un als Hëllefsassistent schaffen (Übungen a Praktika betreien, Computer antippen). Do verdéngs de ongeféier 28 Schwäizer Frang brutto pro Stonn.

Verschiddenes

Auto: Führerschäin a parken

Wann een an der Schwäiz wunnt, däerf een dem Gesetz no just dat éischt Joer mat auslänneschem Führerschäin Auto fueren. Lëtzebuerg gëtt awer als “grenznahes Ausland” ugesinn an dofir kënnen d’Lëtzebuerger Studenten nom éischten Joer eng “Bewilligung zum Benutzen eines unverzollten Fahrzeuges” kréien. Dat heescht: All Student mat dëser Bewëllegung däerf mat sengem Auto mat lëtzebuergeschem Nummereschëld an Assurance ganz legal an der Schwäiz fueren. Dofir muss de bei d’”Zollamt” goen.

 

SONY DSCZollamt
Luggwegstrasse 9
CH-8048 Zürich

Mathuele muss de:

  • Pass/Identitéitskaart
  • Pabeiere vum Auto
  • Legi
  • Auslännerausweis
  • CHF 25.-

Da kriss de nach en Ziedel auszefëllen, op deem se all méiglech Saache wësse wëllen; schreif drop, du giffs zwee Mol pro Mount heemfuere fir deng Famill ze besichen an du wäers an der Semestervakanz net hei. Duerno kriss de d’Bewëllegung dann heemgeschéckt.

Allerdéngs brauch een dann nach eng Bewëllegung fir mat sengem lëtzebuergesche Führerschäin an der Schwäiz fueren ze kënnen. Dës Demande gëtt vum Zollamt un d’Strassenverkehrsamt virugeleet, déi engem déi entspriechend Pabeieren dann zouschéckt. [www.stva.zh.ch]

Eng aner Méiglechkeet besteet dran däi lëtzebuerger Führerschäin an e schwäizer Führerschäin ëmzeschreiwen. Wat s de heifir maache muss ass folgendes: du gees op d’Websäit [http://www.stva.zh.ch/internet/sicherheitsdirektion/stva/de/StVAaw/AWumschreib.html] a lueds de Formulaire “Gesuch Umschreibung ausländischer Führerausweis“ erof. Dee fëlls de aus an hëls e mat bei en Optiker fir e Sehtest ze maachen. Duerno gëss de en um Strassenverkehrsamt zesumme mam lëtzebuerger Führerschäin of. Däin neie schwäizer Führerschäin hues de dann e puer Deeg duerno an der Post. Dat ganzt kascht ongeféier 100 CHF plus 10 CHF fir de Sehtest. Opgepasst: wann s du en eegenen Auto mat lëtzebuerger Plaque hues, da geet dat hei net. Dann muss de Prozedur, déi uewe beschriwwen ass, duerchlafen. Fir de Führerschäin ëmzeschreiwen hues de 5 Joer Zäit no deem s de an d’Schwäiz geplënnert bass. Wann s de also herno eventuell do schaffe wëlls, dann denk drun et ze maachen. Soss muss de den Exame frësch maachen.

Wann s de mam Auto op Zürich kënns, hues de zwou Méiglechkeeten däin Auto ze parken, entweder an enger Déifgarage op der ETH-Hönggerberg oder zu Zürich selwer op der Strooss, an der sougenannter „Blauen Zone”. Dofir brauchs de allerdéngs eng Parkbewilligung, déi s de bei der „Dienstabteilung Verkehr” kriss, an den Auto muss op dech agedroe sinn (gro Kaart). Di éischt Méiglechkeet (ETH) kascht CHF 400.- d’Joer, déi zweet CHF 240.-. Fir all Besuch besteet d’Méiglechkeet online eng Parkkaart fir een Dag fir CHF 15.- ze kafen. [www.parkkarten.ch]

Mensa

Zimlech bëlleg kanns de an de Mensaen a Cafeteriae vun der ETH an der Uni iessen. Am Verglach zu villen auslännesche Mensaen ass d’ETH- an d’Uni-Mensa Iesse gutt bis excellent. Du kanns all Mëtten an all Owend tëschent 4 bis 6 verschidden Menüen tëschent CHF 5.40 an CHF 13.- wielen. D’Mensa ass och Samschdes an an der Vakanz op. [www.gastro.ethz.ch] [www.mensa.uzh.ch]

Sport

All Student ass automatesch Member vum “Akademischen Sportverein Zürich” (ASVZ). Dee Veräin bitt der iwwer 80 Sportaarten un. Zousätzlech kanns de och an enger vun den LSZ-Equippen (Lafen, Schwammen, Fussball, Volleyball, Basketball…) matspillen. [www.asvz.ch]

Ausserdeem bedeelegt den LSZ sech all Joer un diversen Aktivitéite vum ASVZ, ewéi zum Beispill d’”Volleyballnight” (hei gëtt eng ganz Nuecht laang Volleyball gespillt) oder der SOLA-Stafette (Mir lafen eng Streck vu ronn 120 km an enger Equippe vu 14 Leit duerch ganz Zürich).

Blue FunniesBibliothéiken

All ETH-Student däerf d’Haaptbibliothéik (Haaptgebai H-Stack) an d’Bibliothéik vun deenen eenzelnen Abteilunge fir näischt benotzen. D’Haaptbibliothéik huet déi gréisst Sammlung vu wëssenschaftlecher Literatur an Europa, an e ganz modernt elektronescht Bestellsystem (Du kanns esouguer vun doheem deng Bicher iwwer Internet bestellen, oder an eng aaner Bibliothéik liwweren loossen). [www.ethbib.ethz.ch]

An der Zentralbibliothéik Zürich, Zähringerplatz 6, 8025 Zürich gëss de och automatesch Member a kanns vun hire Bicher profitéieren. [www.zb.uzh.ch]

 

Krankeversécherung

Well all Lëtzebuerger schon zu Lëtzebuerg krankeverséchert ass, kann een hei an der Schwäiz e “Gesuch zur Befreiung von der Versicherungspflicht” stellen. Soss muss een an eng Schwäizer Krankekees abezuelen.

Wat een dofir mécht ass folgendes: et waart een, bis d’”Städtische Gesundheitsdienste” sech bei engem mellt (normalerweis innerhalb vun dräi Méint). Deene schéckt een dann eng Kopie vun senger europäescher Krankeversécherungskaart an et fëllt een den Formular aus, datt een sech vun der Versécherungspflicht befreie wëll. Dëse Formular fënns de um Internet. [http://www.gd.zh.ch/internet/gesundheitsdirektion/de/themen/bevoelkerung/krankenversicherung/formulare_obligatorische_krankenversicherung.html den “Antragsforumlar”] Et schéckt een de “Städtische Gesundheitsdienste” déi ganz Demande, déi dann an d’”Gesundheitsdirektion des Kantons Zürich” weidergeleet gëtt. Dës lescht schéckt der dann och déi definitiv Verfügung, déi 3 Joer gutt ass.

Wann een dann eng Kéier sollt krank ginn, brauch een nëmmen nach d’Schwäizer Doktersrechnung, mat Ugab vu senger Adresse a Kontosnummer, zesumme mat enger Kopie vun der europäescher Krankeversécherungskaart un d’

Gemeinsame Einrichtung KVG
Gibelinstrasse 25
Postfach
CH-4503 Solothurn
[www.kvg.org]

ze schécken. Wann dat bis geschitt ass, kritt een an Zukunft all seng Schwäizer Dokter- a Medikamenter- Rechnungen direkt vun de Schwäizer an no Schwäizer Recht zeréck bezuelt (déi dann erëm d’Sue vun der Lëtzebuergescher Krankekees zeréckverlaangen). Bei grousse Behandlungen ass dat méi wéi de lëtzebuerger Tarif an et huet och de Virdeel dass een net muss iwwert déi lëtzebuerger Krankekees fueren.

Déi europäesch Krankeversécherungskaart soll een iwwregens ëmmer bei sech halen.

Rees Lëtzebuerg – Zürich

caribbDéi 2 meescht benotzte Méiglechkeeten, fir vu Lëtzebuerg op Zürich ze kommen, sinn:

Den Zuch: d’Verbindunge sinn excellent an d’Rees dauert knapp 5 Stonnen (iwwert Stroossbuerg a Basel). Den Trajet Aller-Retour kascht tëschent EUR 80.- bis EUR 160.-, jee nodeems wéi eng Zuchabonnementer s du hues (Carte 12-25, Halb-Tax, Gleis 7). Interessant ass och, dass du beim CEDIES kanns een Titre de Transport ufroen, sou datt den Parcours vum Zuch um lëtzebuerger Territoire gratis ass. Am meeschten bréngt d’”Carte 12-25” vun der franséischer Bunn. Kafen kann een déi fir EUR 50.- an der Staater Gare, et spuert een dann EUR 30.- pro Aller-Retour. Fir déi voll Reduktioun ze kréie muss een den Ticket allerdéngs zu Lëtzebuerg oder a Frankräich huelen. [www.sbb.ch] [www.cfl.lu]
Den Auto: bal all Weekend fiert ee vun de Lëtzebuerger mam Auto heem. Wann en nach eng Plaz am Auto huet, hëlt en dech gäre mat. Dauer: ongeféier 4 bis 4:30 Stonnen (hänkt vum Auto, Chauffeur a vun der Streck of)

Di bescht Strecke sinn:

a Frankräich:

  1. Autobunn Lëtzebuerg – Stroossbuerg, an dann iwwert déi däitsch oder déi franséisch Säit op Basel.
  2. Autobunn Lëtzebuerg – Stroossbuerg, virun Stroossbuerg Sortie Saverne an dann bis op Molsheim, wou een erëm op d’Autobunn zeréck kënnt. Dann iwwert déi däitsch oder déi franséisch Säit op Basel.
  3. Nancy, Lunéville an de “Col du Bonhomme” op Colmar, an dann iwwert déi däitsch oder déi franséisch Säit op Basel.
  4. Nancy, Lunéville an den Tunnel duerch d’Vogesen, laanscht Sainte-Marie-aux-Mines op Sélestat an dann iwwert d’Autobunn op Basel.

(1) an (2) geet ongeféier 30 Minuten méi séier wéi (3) an (4), mee (1) ass ~50 km méi wäit (d.h. méi Spritverbrauch) an op der Autobunn as Péage (~12€) an fir (2) (~8€). (3) an (4) hunn ~50-80 km Landstrooss.

an der Schwäiz: Autobunn Basel – Zürich; an der Schwäiz ass Vignettepflicht op der Autobunn (CHF 40.-/Joer)

Nei ob Zürech
Du wëlls Zürech eng Kéier gesinn, d Studenteliewen matkréien an wëssen wie eng Virliesung ofleeft?
Gären kanns du, eleng oder mat Kollegen, eng Kéier ob Zürech kommen an mir encadréieren iech sou dass da sou vill wie méiglech vun Zürech gesitt an bëssen um Studenteliewen kennt schnupperen.  Mir weisen da d Haaptgebaier vun da ETH respektiv da Uni an d Hotspotten vum Zürecher Studenteliewen sou dass de beschtens Bescheed weess wat dech erwaart. Wann s de dech fir en speziellt Studienfach interesséiers, sichen mir dir en LSZ-Member deen dech eng Kéier mat an eng Virliesung vun dem Fach mathëlt an da nach méi prezise Informatiounen kann ginn.

Du brauchs nach wieder Informatiounen iers de dech fir Zürech kanns respektiv wëlls entscheeden?
Kontaktéier eis roueg an mir maachen eis Bescht fir dir wieder ze hëllefen an déi néideg Informatiounen opzedreiwen déi dir nach feelen.