D’ETH Zürich

 

Wat ass d’ETH Zürich?

Un der Eidgenössischen Technischen Hochschule zu Zürech kann ee praktesch nëmmen Natur- an technesch Wëssenschafte studéieren. D’Schoul ass ganz modern equipéiert a bitt esou optimal Konditioune fir Studium a Fuerschung. D’ETH ass eng vun de renomméiertsten Universitéite weltwäit a lant reegelméisseg an den Top 10 vun den internationalen Universitéitsrankingen.
[www.ethz.ch]

Wat kann een alles do studéieren?

All d’Studiengäng déi d’ETH ubitt fenns de an der Tabell riets.

 

Studieberodung

Rebecca Ridolfi
ETH Zürich, StS, Büro HG F 69.2
Tel.: +41 (0)44 633 4902
E-Mail: rebecca.ridolfi@sts.ethz.ch
studienberatung@sts.ethz.ch

Wann een sech nach net ganz sécher ass, wat ee studéiere soll, da kann dës Platz engem sécher weiderhëllefen, woubäi all Studienberater, onofhängeg vun hirem Schwéierpunkt, op all är Froe kënnen äntweren. Eng gutt Méiglechkeet ass och sech iwwer Internet iwwert déi verschidde Studiëgäng z’informéieren.
[www.sts.ethz.ch] [www.ethz.ch/studium]

Wéi ass de Studium agedeelt?

Op der ETH sinn all Studiëgäng vum traditionelle System op den international unerkannte Bachelor/ Master-System ëmgestallt ginn. De Studium ass folgendermoossen agedeelt:

Dës Tabell ass just indicativ an entsprécht enger Aart Standardstudium. Et ass gutt méiglech, dass de Bachelor oder Master e Semester méi laang ginn. Ofhängeg vum Studiëgank fält d’Bacheloraarbecht och ewech. All Kreditpunkte kënnen am European Credit Transfer System (ECTS) ugerechent ginn. Den ECTS vereinfacht den Austausch op déi meeschten Unien an Héichschoulen innerhalb vun Europa, a steet och an engem enken Zesummenhang mat der Konventioun vu Bologna.

Wann een eng Prüfung bei der éischter Kéier net packt, däerf ee se nach eng zweete Kéier maachen. Et verléiert een awer net onbedéngt Zäit, well et kann een normal mam Studium virufueren. No enger zweete Kéier Duerchfale kann een zwar trotzdeem op der ETH bleiwen, mee et däerf een déi Prüfung net nach eemol widderhuelen, wat een vu verschidde Studiëgäng ausschléisse kann. Mat Masteraarbecht ass et an der Reegel méiglech a 5 Joer mam komplette Studium fäerdeg ze ginn. Ee Studiëjoer besteet aus engem Hierscht- an engem Fréijoerssemester (et kann een awer nëmmen am Hierschtsemester mam Bachelor-Studium ufänken). D’Hierschtsemester fänkt Mëtt September un an dauert bis Enn Dezember, d’Fréijorssemester ass vun Enn Februar bis Enn Mee, béid dauere 14 Wochen. [https://ethz.ch/services/de/news-undveranstaltungen/akademischer-kalender.html]

All Joer ginn et zwou Examenssessiounen: eng am Wanter (Enn Januar) an eng am Summer (Ufank August). Verschidde Studiëgäng hunn am éischte Joer am Wanter keng Examen. Ab dem 3. Semester hunn déi meescht awer no all Semester eng Examenssessioun. D’Examen am Bachelor bestinn an deene meeschte Fäll aus „Blockprüfungen”, do zielt déi aus mat Koeffiziente berechent Moyenne vun e puer Examen, et muss een also net onbedéngt all Exame packen. Spéider am Studium kommen dann éischter Eenzelexamen. Wärend dem Semester kënne kleng Tëscheklausure sinn, déi jee no Fach bis zu engem Drëttel vun der Endnote kënnen ausmaachen.

Stagen

Maschinnebauer mussen am Bachelor 5 Wochen Handwierksstage maachen, deen een zu Lëtzebuerg ënner anerem bei Arcelor-Mittal, Paul Wurth, Goodyear oder der CFL maache kann. Am beschten ass et, wann s de dee virum Studium oder tëscht dem 1. an 2. Semester méchs. Am Master musse Maschinnenbauer, Materialwëssenschaftler an Elektrotechniker 12 Wochen Industriepraktikum maachen. Weider Informatioune kriss du beim Studiensekretariat.

Architekturstudente mussen 12 Méint Stage maachen, dovu mindestens 6 Méint hannerteneen op der selwechter Platz. Déi meescht maachen dowéinst nom Bachelor ee Joer Paus an deem se hire Praktikum maachen. Als Architekt dauert däi Studium also 1 Joer méi laang. Och déijéineg, déi Ëmwelt- an Naturwëssenschafte studéieren, mussen am 7. Semester e Stage maachen.

A verschiddenen anere Studiëgäng ass och een obligatoresche Stage ze maachen, mee dat ass meeschtens eréischt am Master de Fall. Och wa keng Stage virgeschriwwe sinn, soll een trotzdeem wärend dem Studium dovu profitéiere Praxiserfarung an der Industrie ze sammelen.

Wéini a wéi gëtt een op der ETH ugeholl?

Als Opnambedéngung fir d’ETH muss een an der Moyenne vu Mathé, enger Wëssenschaft an enger Sproch mindestens 40/60 (et gëtt net geronnt) hunn. Dëst gëllt allerdéngs nëmme fir d’Sektioune B an C. Fir d’Sektioun I lafen am Moment Gespréicher mat der ETH. Eng fest Zouso hunn mir vun hirer Säit nach net. Aus Erfarung wësse mir awer, dass Schüler vun dëser Sektioun ouni Opnamexamen ugeholl ginn, wann si d’ Moyenne hunn. D’Moyenne gëtt folgendermoosse gerechent:

Natierlech gëllt fir d’Sektioun B keng Bio a fir d’Sektioun C brauch ee keng Moyenne an der Mathé ze rechnen. Bei der B, zielt d’Mathematiques II mat der Informatik zesummen, well se net getrennt um Diplom ugeschriwwe ginn.

D’Studente vun deenen anere Sektiounen, oder déi d’Moyenne net hunn, mussen e reduzéierten Opnamexame schreiwen, deemno wéi d’ETH et decidéiert. D’Sektioun A huet an der Schwäiz schlecht Kaarten, si gëtt net méi als Ofschloss unerkannt, well se net déi gefuerdert Wëssenschafte beinhalt. Studente vun enger A mussen also de kompletten Opnamexame maachen, wat enger Schwäizer Matura entsprécht. Weider Infos fannt dir um Site vun Swissuniversities.

[https://www.swissuniversities.ch/themen/studium/zulassung-zu-den-universitaeren-hochschulen/laender#LU]

Fir sech unzemellen, muss ee sech bis spéitstens den 30. Abrëll online op folgendem Link bewerben: [http://www.bewerbung-bachelor.ethz.ch]

D’Umeldeformulaire muss een erausdrecken a mat folgenden Dokumenter

  • Passfoto (Original)
  • Tabellarësche Liewenslaf
  • D’Zensure vun deenen 3 leschte Joren (3ème, 2ème a 1ère; déi vum 1. Semester wëllen se an der Reegel gesinn)
  • Zahlungsnachweis vun der Anmeldegebühr (CHF 150 fir Auslänner) soss kucken se deng Demande guer net

u folgend Addresse schécken:

Zulassungsstelle
ETH Zentrum
Anmeldung Bachelor
HG F 21.3
Rämistrasse 101
CH-8092 Zürich
Tel.: +41 (0)44 633 82 00
09-11 Uhr und 14-16 Uhr
E-Mail: zulassung@ethz.ch

Nom Exame schécks du hinnen dann d’Original (eng Copie Conforme geet net duer) vum Diplom an eng Copie Conforme vun denger Carte d’Identité an. Der ETH ass bekannt, datt d’Lëtzebuerger Studenten hiren Diplom eréischt Ufank Juli kréien. Et ass dofir kee Problem wann een dee eréischt no der Frist erareecht soulaang ee sech awer bis den 30. Abrëll beworben huet an hinne matgedeelt huet, datt den Diplom nokënnt. Allgemeng bleift ze soen dass mëttlerweil vill Korrespondenz per Mail geet. Et lount sech also d’Mailbox reegelméisseg ze checken. D’ETH réit souguer, datt een sech bei hinne mellt wann een iergendwellech Fristen net kann anhalen oder soss Mëssverständnesser optauchen.
[https://www.ethz.ch/de/studium/anmeldungbewerbung/bachelor/andere-qual/bewerbung]

Fir d’Zouloossung an ee Masterstudiëgank gëllen aner Konditiounen an Fristen. Am beschten informéiert een sech beim jeeweilegen Departement. [https://ethz.ch/de/studium/master/bewerbung.html]

Opnamprüfung

Eng “reduzierte Aufnahmeprüfung”muss theoretesch jiddweree maachen, dee vun de Sektiounen D, E, F, G kënnt oder dee vun de Sektioune B, C kënnt an d’Moyenne net huet. Mir rode jidderengem, deen theoretesch déi reduzéiert Prüfung misst maachen, sech domm ze stellen an trotzdeem ze probéieren, sech unzemellen. Fir déi, déi d’Prüfung trotzdeem musse maachen: den Termin fir d’Opnamprüfung ass Mëtt August.
[https://www.ethz.ch/de/studium/anmeldungbewerbung/bachelor/andere-qual/ethaufnahmepruefung]

Et kann een sech awer net direkt fir d’Opnamprüfung umellen. Fir d’éischt brauch een en Zulassungsentscheid vun der Zulassungsstelle. D’Prüfung selwer ass op Däitsch iwwert Mathé, Physik, Chimie a Biologie.

Den AKAD an d’Privatschoul ExamPrep GmbH (Frau Freimann) bidde Virbereedungscourse fir den ETH Opnamexamen un. Dëst geet vu Coursen iwwert ee ganzt Semester, bis zu eenzele Lektiounen am Summer virun den Examen. Dee Spaass ass allerdéngs net ganz bëlleg. Wann’s du plangs d’Opnamprüfung ze schreiwen, da mell dech einfach beim Comité [mailto:comite@lsz.lu], mir kënnen dech mat Leit verbannen déi d’Opnamexame geschriwwen a gepackt hunn. Déi kënnen der wäertvoll Tipps ginn. [http://www.akad-college.ch/]
[http://www.hochschulvorbereitung.ch/]

Déi “umfassende Aufnahmeprüfung” däerf jiddweree maachen, egal vu wéi enger Schoul e kënnt. Deen Examen ass equivalent mat der Matura (Première an der Schwäiz). Ee Joer op der Uni Lëtzebuerg gëtt net ugerechent. Dat geet esouguer sou wäit, datt een, deen d’Moyenne vun 40/60 am Premièresexamen net hat an deen een Joer op der Uni.lu gemaach a gepackt huet, trotzdeem nach déi reduzéiert Opnamprüfung maache muss.

 

Kontaktdaten fir Studieninformatiounen an allgemeng Informatiounen:

 

  • Gabriele Kläy Schönenberger
    ETH Zürich, StS, Büro HG F 69.2
    Tel.: +41 (0)44 632 6051
    E-Mail: gaby.klaey@sts.ethz.ch

[https://ethz.ch/de/die-eth-zuerich/organisation/abteilungen/studentische-dienste.html]